Zu Rolleng op der GareJonke Mann gëtt Affer vun engem Trickdéifstall

RTL Lëtzebuerg
Dëse war géint 21.40 Auer e Méindeg den Owend aus dem Zuch geklommen a vun engem anere Mann ugedanzt ginn.
Police
Police
© Police

Kuerz drop hat de Mann bemierkt, dass seng Kette fort war. Den Täter soll zu engem Grupp vu 4 jonke Männer gehéiert hunn, déi am nämmlechte Waggon wéi d’Affer souzen. Si sollen all tëscht 20 a 25 Joer al gewiescht sinn, sollen alleguer e Rucksak bei sech an eng schwaarz Jackett ugehat hunn.

D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO