
De jonke Mann stoung um Busarrêt an der Rue Saint Mathieu, géintiwwer vum Funiculaire, wéi hien op eemol vun 3 Onbekannten op de Buedem gestouss gouf. Déi 3 hu Lëtzebuergesch geschwat an hunn hiert Affer menacéiert.
Ee vun en Täter huet dem Mann d'Jackette vun der Mark Moncler, e Rucksak vun der Mark Paul Smith an de schwaarzen iPhone XR geklaut.
Just vum Haapttäter krut d'Police eng knapp Beschreiwung: Hien hat een däischteren Jogging un, eng däischtergréng Jackette an Yeezy Schong.