
D'Joresinflatioun ass dem Statec no vun 1,2 op 1,7% geklommen. Bei de Pëtrolspräisser gouf et eng Hausse vun 0,21%. D'Rechnung fir de Masutt ass 0,3% eropgaangen. Enn dës Jores spillen och ëmmer saisonal Variatioune wéinst de Feierdeeg an der Vakanz mat eran.
Erënnere mer och nach emol, datt op den 1. Januar eng nei Indextranche erfall ass an doduerch Paien a Pensiounen ëm 2,5% eropgaangen sinn.
