Mat Messer menacéiertJugendleche kritt am Hesper Park seng Posch geklaut

RTL Lëtzebuerg
Am Hesper Park koum et e Sonndeg géint 17.20 Auer an der Géigend vum Skatepark zu engem Iwwerfall. E Jugendleche krut dobäi seng Posch ofgeholl.
© Police Lëtzebuerg

Dëst nodeems hie mat engem Messer bedreet gouf. Blesséiert gouf de Jong dobäi net.

D’Police konnt am Kader vun der Sich no den Täter zwou verdächteg Persounen untreffen. D’Ermëttlunge goufen opgeholl an eng Plainte deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO