Och d’Nuechte waren aussergewéinlech mëll, och wa keng Tropennuecht dobäi war. 10°C war déi killsten Temperatur, déi um Findel gemooss ginn ass. Dat war den 3. Juni. Wäit ewech vum Rekord aus dem Joer 1962, dee Moment si just 0,9°C an engem Juni registréiert ginn.
Am wäermste war et dëst Joer de 25. Juni mat 30°C, dat war dann och een Hëtztdag, 21 Summerdeeg geselle sech dobäi, wou de Quecksëlwer iwwer 25°C geklommen ass.
Och Reen ass bal kee gefall, just 22% vun deem, wat normal ass am Mount Juni. 74 mm falen u sech, de leschte Juni waren dat allerdéngs nëmme 16 mm. 1962 war et nach méi dréche mat 4,6 mm an de Rekord fir ee Juni läit bäi 191,1 mm aus dem Joer 1997.
Deeg, wou méi wéi 1 mm gereent huet, sinn der just 6 gezielt ginn, 10 wieren d’Norm. Vun de 16 mm sinn der bannent 24 Stonne scho ganzer 6 um 23. Juni gefall, do bleift dann net méi vill fir de Rescht vun den 29 Juni-Deeg. Do driwwer klot d’Landwirtschaft an och der Natur deet dat net gutt.
Sonn hate mer der iwwerdeems méi ewéi genuch. 325 Sonnestonne goufen am Juni um Findel gezielt. An der Moyenne ass d’Sonn an engem Juni wärend 241 Stonnen net vun de Wolleke verdeckt.
An et war lëfteg. Den 22. Juni huet et um Findel am meeschte geblosen. Deen Dag ass eng Wandspëtzt vun 48 km/h gemooss ginn. Wäit ewech vu Stuerm, allerdéngs war de Wand stänneg um Rendezvous.