
Eng Ambulanz, souwéi d’Pompjeeë vu Bartreng/Stroossen an déi aus der Stad waren op der Plaz. De Bilan ass ee Blesséierten.
An der Nuecht op e Sonndeg huet et zwee Mol uechter d’Land geknuppt. Eng éischte Kéier ass um CR186 op der Cloche d’Or a Richtung Kockelscheier en Automobilist géint e Bam gerannt. Doropshin huet d’Gefier Feier gefaangen. Zwou Persoune goufe verwonnt. E weideren Accident gouf et zu Schwéidsbeng an der Route du Vin. Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Blesséiert gouf bei der Kollisioun keen.