
Wéi aus dem Bulletin vum 112 ervirgeet, ass d'Kand uerg verwonnt ginn.
Op Nofro bei der Police, huet dës confirméiert, dass d'Kand um Zebrasträifen vum Auto erfaasst gouf. De Chauffer, deen aus Richtung Ettelbréck gefuer koum, hat d'Kand iwwersinn, dat um Bee blesséiert gouf. Wéi schro dës Verletzung wier, konnt d'Police net soen. Et koum mat der Ambulanz an d'Kannerklinik.
Op der Plaz waren d'Police, eng Ambulanz an de Samu vun Ettelbréck, sou wéi den Asazzenter vun Ettelbréck a Feelen.