"Zuch vun der Demokratie"Kanner brénge sech an der Chamber zu politeschen Themen an

RTL Lëtzebuerg
Zënter 2018 kommen all Joer Schoulklassen aus verschiddenen Ecker aus dem Land an d’Chamber a kënne mat den Deputéierten iwwer Politik diskutéieren.
© Sabrina Backes / RTL

An der Chamber gouf um Freideg erëm den Zuch vun der Demokratie organiséiert. Hannergrond ass de Weltdag vun de Kanner, deen all Joers den 20. November ass, bei deem et och drëms geet, dass d’Kanner genausou wéi Erwuessener de Politiker hir Wënsch kënne kommunizéieren. Heifir sinn déi bal 140 Schüler aus 10 verschiddene Klasse mam Zuch ugereest. D’Sabrina Backes huet sech bei de Kanner ëmhéieren, wéi eng Themen si um Freideg matbruecht hunn.

Zuch vun der Demokratie / Rep. Sabrina Backes

Wann een d’Kanner freet, wéi si sech d’Chamber virstellen, dann ass dat engersäits ee Raum mat ville Verzéierungen aus Gold. Anerersäits ass et fir si awer och eng Plaz, wou d’Meenung vum Vollek soll representéiert ginn. An do wëlle si sech mat hirer Meenung och abréngen. Dofir hu si zesummen als Klass déi verschiddenste politesch Themen opgeschriwwen, iwwer déi si mat eenzelen Deputéierten a Gruppen diskutéiere konnten.

Sou zum Beispill och d’Kanner aus enger Primärschoul vu Wolz, déi sech vill Gedanken iwwer Diskriminéierung a Gläichheet tëscht de Leit gemaach hunn.

Kand 1: “Mir hunn iwwer Mobbing geschwat. Mir hunn awer och iwwer Kannerrechter a Mënscherechter geschwat. Mir hunn och doriwwer geschwat, wéi an dem Iran Kanner- a respektiv och Mënscherechter net richteg behandelt ginn.”

Kand 2: “Mir hunn och vill iwwer Sue geschwat, well hei zu Lëtzebuerg ginn et ze vill Sue fir Krich. Se missten den aarme Leit méi Sue ginn a manner Sue fir Kricher ginn, well dat gëtt all Joer méi schlëmm...”

Kand 3:“Mir hunn iwwer d’Verbëtze vum Iesse geschwat. Et gi vill Kanner, déi näischt z’iessen hunn. A mir kënnen deene Leit iesse ginn, mee mir maachen dat net, mir geheien d’Iessen ëmmer an d’Poubelle.”

Eng Klass aus enger Schoul vum Lampertsbierg huet sech iwwer d’Preventioun Gewalt an Entféierung Gedanke gemaach.

Kand 4: “Mir hu gesot, mir musse besser op eis oppassen, kengem friemen Dier opmaachen, net mat engem Frieme schwätzen. Mir hunn diskutéiert, fir méi Beliichtung an de Parken ze kréien, fir dass d’Leit besser gesi wat hannert hinnen a virun hinnen ass.”

Engagéiert an deels och mat enger gewëssen Opreegung hunn d’Schüler aus de Cyclen 3 a 4 mat de Politiker diskutéiert. Zum Schluss vun der Diskussioun goufen an all Grupp e puer Revendicatioune festgehalen, déi duerno virun alle Klassen an Deputéierte virgedroe gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO