"Kanner solle keng Gäscht sinn, mee Partner"
Den 20. November ass de Weltkannerrechtsdag. Ee vun de Kannerrechter ass d'Recht op eng eege Meenung. An déi ass och besonnesch wichteg fir eng kannerfrëndlech Stad ëmzesetzen. Déifferdeng huet eng Konventioun mat der UNICEF ënnerschriwwen an sech domadder engagéiert, fir de Label "kannerfrëndlech Gemeng" ze kréien. Zanter 30 Joer vergëtt d'UNICEF dëse Label schonn, antëscht a 35 Länner. Hei zu Lëtzebuerg ass Déifferdeng déi éischte Stad, déi fir dëse Label kandidéiert.
Vill Spillplaze ginn et schonn an och ëmmer méi Zebrasträifen, soen de Liam an d'Tabea aus dem Kannergemengerot. Den Néhemie fënnt, dass och ëmmer méi op d'Kanner gelauschtert gëtt.
Déi jonk Member aus dem Kannergemengerot si scho mat Villem zefridden an hirer Gemeng. Mat hinne gëtt elo d'Situatioun zu Déifferdeng genee analyséiert, fir dorausser nei Projeten ze entwéckelen, erkläert d'Sandra Fischer, Direktesch vun UNICEF Lëtzebuerg. Den Input vun de Kanner ass bei der ganzer Prozedur wichteg, si ginn aktiv consultéiert an dorausser entsteet en Aktiounsplang.
All véiert Déifferdengerin an all véierten Déifferdenger ass e Kand. 7000 Kanner a Jonker liewen an der drëttgréisster Stad am Land. Nieft dem Ausbau vun de Servicer fir Kanner, soll och d'Sécherheet eng zentral Roll spillen, esou de Buergermeeschter Guy Altmeisch. De Pedibus géing fir e séchere Schoulwee scho gutt klappen. Dat soll d'nächste Joer fir all Campus ausgebaut ginn.
Mee eng kannerfrëndlech Stad entsteet net ouni d'Kanner. Si solle keng Gäscht sinn, sot de Buergermeeschter a senger Ried, mee Partner. D'Kanner hunn opmierksam nogelauschtert, och wann déi vill Rieden net onbedéngt op d'Kanner zougeschnidde waren.
3 Joer huet Déifferdeng elo Zäit fir d'Konventioun ze erfëllen. Fir d'Elina an de Rodrigo, esou wéi déi aner Kanner aus dem Kannergemengerot, wier et wichteg, dass d'Spillplaze méi propper gehale ginn a manner Plastik an der Natur ass. Mee och méi Fräizäit fir ze spillen ass de Kanner wichteg.