45 Euro pro KandKannergeld soll 2027 eropgoen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg presentéiert d'Lëtzebuerger Regierung den éischten nationalen Aarmutsplang an der parlamentarescher Familljekommissioun.

Elo awer scho ginn éischt Detailer dorausser bekannt. Notamment, datt d’Kannergeld soll ëm 45 Euro pro Kand eropgoen, wéi d’Lëtzebuerger Wort um Freideg de Mëtteg fir d’éischt gemellt huet an de Familljeminister Max Hahn RTL géintiwwer och confirméiert huet.

Datt d’Kannergeld vun 2027 u sollt eropgoen, hat de Familljeminister scho virun zwee Méint bei eis op der Antenn gesot, ouni awer ee konkrete Montant ze nennen.

Back to Top
CIM LOGO