
De Karschnatz gëtt dëst Joer nees fréi ofgeschloss. Och déi lescht Käre kënnen an den nächsten Deeg wéinst dem schéine Wieder ouni Problemer erageholl ginn, esou heescht et aus der Bauerenzentral. Op der anerer Säit huet dat dréchent Wieder fir héich Abousse bei der Recolte gesuergt. Plazeweis sinn et bis zu 40 Prozent manner. Deemno wënschen d'Bauere sech näischt méi ewéi vill Reen.
Beim Karschnatz gëtt et grouss Differenze bei de Quantitéiten. Regional Ënnerscheeder. Mä virun allem Ënnerscheeder bei den Zorten. A wéini dës geséint goufen. De Marc Fisch; President vun der Bauerenzentral.
''Dëst Joer weist dat sech ganz staark well mir awer am Fréijoer nach relativ vill Reen haten. D'Käre stounge relativ schéin am Ufank. Duerch d'Hëtzt ass dat zimmlech séier erstéckt. Déi éischt Saachen déi geséint goufen hunn nach eng relativ gutt Recolte bruecht. Alles wat méi spéit koum, huet vill vill manner bruecht. Awer och d'Wantergeescht ass weesentlech manner ewéi dat nach an deene leschte Jore war.''
Dëst Joer huet virun allem d'Wantergeescht gelidden. D'Bauerenzentral geet dovun aus, dass et dees nach eng Kéier 30-40 Prozent manner ass ewéi nach zejoert. Den Drock op den internationale Mäert klëmmt fir d'Lëtzebuerger Baueren. A Kanada, Russland an Australien konnten am Géigesaz zu Lëtzebuerg gutt Quantitéiten erageholl ginn. D'Präisser fir de Weess si gefall.
D'Wisen uechter d'Land si giel-brong. Dat wat nach do ass, ass extrem dréchen. Den éischten a virun allem den 2. Schnatt wären enttäuschend gewiescht. De Marc Fisch: "Do fänkt et un einfach, dass dobaussen eigentlech guer näischt méi fir d'Béischten ze friessen ass. Do muss eigentlech Fudder dobäi kaaft ginn. Oder d'Deiere musse scho Fudder friessen, wat eigentlech fir de Wanter geduecht ass. Dat fänkt den Ament un enorm belaaschtend fir d'Betriber ze ginn."
Nach huet d'Bauerenzentral keng Hëllefe beim Staat revendiquéiert, seet de President vun der Bauerenzentral Marc Fisch: "Mä do wäerte mir an deenen nächste Wochen a Méint, wann d'Situatioun méi kloer ass, och do vläicht Fuerderunge stellen an un de Staat eruntrieden.''
Elo ka just nach den Apostel Péitruss et gutt mat de Lëtzebuerger Bauere mengen: "Vill Reen kéint nach eng Kéier fir d'Wisen, wou d'Béischten drop stinn, eppes bréngen. Déi kéinten nach eng Kéier nowuessen. Mä de Reen muss einfach elo kommen.'"
De Marc Fisch betount, dass déi puer lokal Schaueren déi lescht Deeg net duergaange wären. Wann ee sou wëll, waren se eng Drëps op de waarme Steen.