No Mëtternuecht ass d’Lydie Polfer du bei der CSV ukomm, fir op der Plaz och de Medien ze annoncéieren, datt dat definitiivt Resultat kloer wier, an dat et nëmme normal wier, wann ee mat der CSV géing Koalitiounsverhandlungen ufänken.
D’CSV mam Serge Wilmes wollten aus der Stad “déi bescht Plaz fir ze liewe” maachen, déi Gréng mam François Benoy “frësche Wand” bréngen an de Buergermeeschter-Stull kréien. Et sollt net sinn. D’DP ëm d’Laangzäit-Buergermeeschtesch Lydie Polfer gouf gestäerkt. +1,3% fir d’Partei vum Premier Xavier Bettel. Déi Liberal wannen 1 Sëtz an hunn der elo 10.
D’CSV verléiert 4,4% an domadder 1 Sëtz. Hunn der elo nach 6. Déi Gréng verléieren 0,7%, behalen awer hir 5 Sëtz.
D’Enttäuschung stoung der CSV scho fréi am Owend an d’Gesiicht geschriwwen. Déi Gréng wollten d’Hoffnung net opginn, datt op d’mannst d’Prozenter sech nach an de positiv Beräich beweege géifen.
Et bleift deemno warscheinlech alles beim alen. D’Lydie Polfer, ganz emotional am RTL-Interview, huet sech dankbar de Wieler géintiwwer gewisen. Hir Rechnung: 10 Sëtz fir DP, 6 fir CSV.
D’LSAP huet 0,4% verluer, behält hir 3 Sëtz.
Weider Gewënner um Knuedler sinn d’Piraten. De Pascal Clement, Papp vum Sven Clement, wäert eng Plaz am Stater Gemengerot kréien.
Dat op Käschte vun déi Lénk. Eenzeg d’Deputéiert Nathalie Oberweis konnt sech eng Plaz an der Märei sécheren.
Fir d’adr réckelt den Tom Weidig an de Gemengerot. D’Partei hat jo hire Sëtz verluer, nodeem de Roy Reding demissionéiert hat. Als nächstgewielt war d’Marceline Goergen nogeréckelt. Si war awer deemools schonn aus der Partei ausgetrueden an huet hir Plaz matgeholl.
Déi nei Partei Fokus ëm de fréieren DP-Politiker Marc Ruppert konnt sech net duerchsetzen. Grad esou wéineg wéi “Mir d’Vollek”.