Wärend der KrisKee Stau am fixen a mobillen Internet- an Telefonsreseau

RTL Lëtzebuerg
Den Institut Luxembourgeois de Régulation, kuerz ILR, huet den Internet- an Telefonstrafic wärend der Pandemie gemooss a konnt kee Knuet am Reseau gesinn.

Vill Firmen hätten op den Télétravail zréckgegraff. Den ILR hätt awer keng exzeptionell Mesure gemellt kritt, déi néideg gewiescht wier fir den Internet-Trafic besser ze reguléieren. De ganze Rapport iwwer d'Reseauen an der sanitärer Kris gëtt bis den Hierscht ausgeschafft.

Donieft kommunizéiert den ILR, datt den Internet hei am Grand-Duché konform mam EU-Reglement vum "oppenen Internet" a vun der Net-Neutralitéit ass.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO