
Aktuell si 28 (+1) Persounen hospitaliséiert, dovunner si 8 (+2) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.263.077 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 96,29 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 117,47 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,24. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.