Coronavirus zu LëtzebuergKee weidert Doudesaffer, 819 nei Fäll bei 3.278 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 988 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 27 (-4) Persounen hospitaliséiert, dovunner si 6 (-3) Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.262.285 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 127,60 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 129,59 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,22. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO