PoliceKierperverletzung zu Déifferdeng
Der Police gouf en Donneschdeg de Moie géint 9 Auer eng Attack op ee Sécherheetsbeamten an engem Verwaltungsgebai zu Déifferdeng an der Grand-Rue gemellt.
De Client, deen no der Dot op en aner Stack geflücht war, ass nach am Gebai vun der Police fonnt ginn. Wéinst der Kierperverletzung gouf eng Klo agereecht an eng Plainte beim Parquet gemaach.