
Wéi d'Police op der Plaz ukoum, louch ee Mann op der Strooss, dee vu sech war. Wéi et am Policebulletin heescht, war et éischten Informatiounen no zu engem Sträit tëscht him an engem anere Mann komm, fir d'éischt verbal, duerno kierperlech. De blesséierte Mann gouf op der Plaz versuergt a koum fir weider Traitementer an d'Spidol.
Op der Plaz konnt d'Police awer och nach de presuméierten Täter untreffen, deen nawell e bëssen eppes intus hat. Den alkoholiséierte Mann war och net besonnesch kooperativ mat der Police, esou datt si decidéiert hunn, hie mat an d'Ausniichterungszell ze huelen.
Op Uerder vum Parquet gouf hien um Enn festgeholl. De Mann koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter, deen dann och ordonéiert huet, datt hien an Untersuchungshaft soll kommen. Am Fall gëtt elo weider ermëttelt.
En Donneschdeg gouf der Police dann nach ee Virfall an der Uewerstad gemellt, wou zwee Männer eng Goldkette geklaut hunn. Éischten Erkenntnisser no hätten déi zwee Onbekannt dem Affer a sengem Begleeder an der Rue des Capucins opgelauert. Ee vun hinnen huet d'Affer ugeschwat a koum esou méi no. Kuerz drop huet d'Affer du gemierkt, datt d'Goldketten, déi et grad nach unhat, géif feelen.
De Begleeder huet d'Poursuite opgeholl an huet op der Héicht vun der Theaterplaz ee vun de presuméierten Täter konnte stoppen an unhale bis d'Police do war. Den zweete Verdächtege konnt flüchten. Op Uerder vum Parquet gouf ee vun de Verdächtege festgeholl a koum den Dag drop virun den Untersuchungsriichter. Och hei gëtt weider ermëttelt.