ZeienopruffKläpperei mat engem Blesséierten a Clausen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police eng Kläpperei an de "Rives de Clausen" gemellt.
© RTL-Grafik

Géint Hallwer 4 an der Nuecht op e Sonndeg waren an de "Rives de Clausen" e puer Leit an eng Kläpperei verwéckelt. Bei dëser gouf eng Persoun blesséiert.

Eng Fra soll gesinn hunn wéi zwee Männer am Parking eng Persoun geschloe hunn, déi doropshin op de Buedem gefall ass a sech doduerch zousätzlech blesséiert huet.

Béid Männer si mat op de Policebüro geholl ginn. D'Affer gouf an d'Spidol transportéiert.
D'Police sicht elo no der Aenzeien, eng Fra mat blonden Hoer, déi d'Dot gesinn huet. Si a weider méiglech Zeie si gebiede sech bei der Police aus der Stad ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO