
Wéi et heescht wier eng verbal Ausernanersetzung eskaléiert, wéi ee vun de Männer sengem Géigeniwwer mat engem Bengel op de Kapp geschloen huet. Eng weider Persoun hätt doropshin agegraff a probéiert, den Ugräifer zréckzehalen. Dës Geleeënheet gouf dunn awer vum Affer genotzt, fir sengem Ugräifer mat der Fauscht an d’Gesiicht ze schloen.
Op Uerder vum Parquet koum den alkoholiséierten Ugräifer wéinst sengem Behuelen an de Passage Arrest.
An och eng weider alkoholiséiert Persoun, déi d’Beamte permanent bei der Aarbecht gestéiert huet, konnt d’Nuecht um Policebüro verbréngen.