
Dat geet aus dem Jores-Rapport vun der Zentralbank ervir, deen e Mëttwoch de Moie publizéiert gouf, eng Zentralbank, déi zejoert hiren 20. Anniversaire konnt feieren.
Wat d'Emissioun vun Euro-Schäiner ugeet, ass ze notéieren, datt zanter Enn Januar keng nei 500-Euro-Schäiner méi gedréckt ginn, natierlech behalen d'aktuell Schäiner awer hiren legale Cours a kënne illimitéiert och agewiesselt ginn.
D'Bilanszomm vun der BCL chiffréiert sech op ronn 228 Milliarden, wat eng Hausse vun 10% duerstellt, d'Zentralbank huet d'lescht Joer mat engem klenge Boni vun zwou Milliounen ofgeschloss.
D'Depote vu Banken, déi bei der Zentralbank hannerluecht sinn, chiffréiere sech op ronn 103.000 Milliounen - dëst stellt de "Passif" vum Bilan duer.
Iwwregens ginn op der Lëtzebuerger Finanzplaz 6 Banken direkt vun der EZB iwwerwaacht, am ganzen Euro-Raum sinn dat 119 Banken. D'Personalkäschte bei der Lëtzebuerger Zentralbank hunn zejoert eng ronn 45 Milliounen ausgemaach, alles an allem schaffen 393 Leit bei der BCL.
Zentralbank-Direkter ass jo aktuell de Gaston Reinesch. Säi Mandat gouf vum Ministerrot bis d'Joer 2025 verlängert. Nei an de Conseil vun der Zentralbank koumen zejoert 2 Fraen: d'Nadia Manzari an d'Martine Reicherts.