
En Automobilist war um Boulevard Marcel Cahen ënnerwee a wollt un der Kräizung mat der Avenue du X Septembre an d’Route de Longwy abéien, wéi e Mann mat senger Trottinette, dee virdrun e Bus iwwerholl hat, mam Auto kollidéiert ass.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. Leit, déi Informatiounen hunn, gi gebieden, sech per Telefon (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail police.luxembourg@police.etat.lu bei der Police ze mellen.