Opgepasst!Konsumentenzenter warnt virun Arnaquë bei Kaf vu Pellets a Brennholz

RTL Lëtzebuerg
Den europäesche Konsumentenzenter Lëtzebuerg warnt virun Arnaquë beim Kaf vu Brennholz a Pellets.
© RTL-Grafik

Am Internet gëtt et Offeren zu gënschtege Präisser. A verschiddene Fäll kënnt awer ni eng Liwwerung un an d’Sue si fort. De CEC gëtt de Konsumenten an deem Kontext eng Rei Tuyauen op de Wee. Ënner anerem sollen d’Adress an d’Telefonsnummer genee gepréift ginn. De Keefer soll sécherstellen, datt Paiementsplattformen och existéieren a securiséiert sinn.

Dernieft kann am Netz no Avisen iwwert de Vendeur gesicht ginn.

Weider Informatiounen doriwwer, wéi een esou eng Arnaque am beschten erkennt, fannt Dir am Communiqué de Presse.

PDF: Communiqué vum Konsumentenzenter (FR)

Back to Top
CIM LOGO