Mat der neier Verfassung kënnt e Recht op Wunnen. Dofir wëll den Logementsminister Henri Kox den Undeel vu staatlechen a kommunale Wunnengen op 20 Prozent unhiewen. Dat kann awer och bei héijen Investissementer duerch de Fonds spécial logement nach eng Zäit daueren.
Den Henri Kox seet: «Mäi Wonsch wier et, datt mer eng Kéier op e Stock vun 20 Prozent abordabele Locatiounswunnenge kommen. Well dat sinn déi resilienteste Wunnengen. Well si entspriechen dann deenen, déi et méi schwéier hunn, dobaussen eng Wunneng ze fannen. A si brauchen da just en abordabele Loyer ze bezuelen, deen dann ugepasst ass un hire Revenue.» Dovun ass een de Moment wäit ewech.
“Mir sinn de Moment bei 1,64 Prozent an der ëffentlecher Hand. Da kommen nach ASBLen a Fondatiounen dobäi, da si mer bei dräi Prozent.”
1,64 Prozent dat entsprécht den Ament am ganzen 4.117 staatlechen a kommunale Locatiounswunnengen, déi uechter d’Land verdeelt sinn.
Subventionéiert ginn déi Wunnengen aus dem Spezialfong Logement. Deen hat Enn vum leschte Joer 3.306 Wunnengen an der Pipeline, wouvun der ronn 60 Prozent an déi abordabel Locatioun solle goen. Déi mussen awer als éischt nach gebaut ginn. Dëst Joer sollen, egal op Locatioun oder Vente, staatlech oder associativ Promoteuren, tutti quanti, 650 Wunnenge fäerdeg ginn. Mee et soll an Zukunft méi séier goen, esou den Henri Kox.
“Am Rapport hu mer eng Previsioun, datt mer an deene nächste Joer op 1000 Logementer pro Joer kommen.”
2027 soll dee Volume erreecht ginn.
“Dat heescht d’Rechnung ass, zwou Legislature, wou mer wierklech musse Gas ginn.”
De Fong huet d’lëscht Joer 188 Milliounen Euro nei Hëllefen accordéiert an et goufen 174 Milliounen Euro fir Projeten ausbezuelt, déi an de Jore virdrun accordéiert goufen. D’SNHBM an de Fonds de Logements realiséieren zesummen méi ewéi zwee Drëttel vun den abordabele Wunnengen, déi iwwert de Fong bezouschosst ginn, den Undeel vun de Gemenge leit bei 18 Prozent an dee vun den ASBLen a Veräiner bei 12 Prozent.