Situatioun huet sech verbessertKriseplang an de Spideeler geet vun der Phas 3 zeréck op d'Phas 2

RTL Lëtzebuerg
Esou heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vum Gesondheetsministère an der Spidolsfederatioun.
© RTL Archiv

Wéinst der favorabeler Entwécklung bei den Hospitalisatiounen vun de Covid-Patienten, ginn d’Spideeler vun der Phas 3 zréck an d’Phas 2 vum Kriseplang.

Wéi et an engem Communiqué vun der Santé an der Spidolsfederatioun heescht, wier d’Zuel vun de Covid-Patienten souwuel op der Intensivstatioun, wéi um normale Stack zréckgaangen.

Patienten déi wéinst eppes anerem hospitaliséiert ginn an awer de Covid hunn géifen awer weider eng Suerg bleiwen fir déi intern Organisatioun am Spidol.

D’Haiser géifen dowéinst d’Situatioun an den nächste Wochen weider am Detail suivéieren.

Hei dat offiziellt Schreiwes

COVID-19 et hôpitaux: baisse de la phase du plan de montée en charge au niveau 2 (23.02.2022)

Communiqué par : ministère de la Santé / Fédération des hôpitaux luxembourgeois (FHL)

Au vu de l’évolution favorable des hospitalisations de patients atteints de COVID-19 tant au niveau des soins intensifs que des soins normaux dans les établissements hospitaliers, la cellule de crise nationale en accord avec la Fédération des hôpitaux luxembourgeois a retenu de baisser la phase du plan de montée en charge au niveau 2.

Les patients hospitalisés pour une autre cause, mais porteur du virus COVID-19, restent toutefois un souci pour l’organisation interne des hôpitaux. Ceux-ci resteront vigilants et surveilleront cette évolution dans les semaines à venir.

Back to Top
CIM LOGO