SchoulrentréeKritik vun den Oppositiounsparteien u Kommunikatioun

Tim Morizet
De Plang fir d'Rentrée vum Educatiounsministère ass zwar eraus, ma d'Kommunikatioun mat den Acteuren um Terrain hätt alt nees net geklappt
Oppositiounsparteie kritiséiere Plang vun der Schoulrentrée
Vill Elementer vum 16-Punkte Rentrée Plang vum Ministère wieren ze vage fir d'Schoulen.

Esou d'Kritik vun den Oppositiounsparteien um Méindeg de Mueren an der zoustänneger Kommissioun am Cercle. An enger Sëtzung vun annerhallwer Stonn, wiere virun allem Froen iwwert Gemenge-Responsabilitéite gestallt ginn. An och vill Elementer vum 16-Punkte-Rentréesplang vum Ministère wieren ze vage fir d'Schoulen.

Den Deputéierte Sven Clement (Piraten): „D'Kommunikatioun tëscht de Gemengen an dem Staat schéngt do e bësse méi schwiereg gewiescht ze sinn. D'Fro, wien haft a wéi enger Situatioun, wéi gëtt genau gelëft. Et si wichteg Froen. De Ministère huet „blauäugig“annoncéiert: et gëtt esou gemaach. Déi Leit déi et awer ëmsetze mussen, hunn awer nach eng ganz Rëtsch Froen.“
Froen déi et och nach an de Lycéeë gëllt ze beäntweren, d'CSV-Deputéiert Martine Hansen: „Zum Beispill och wat konkret bei deem Stuffe-Model vun der Quarantaine an Isolement geschitt. Do sot de Minister dat géif Fall fir Fall traitéiert ginn – dat heescht Konkretes wësse mer do nach net.

De Sven Clement an d'Martine Hansen

Eng Kritik déi de Gilles Baum, DP-Kommissiounspresident, net gëlle wëll loossen. D'Schoulorganisatiounen, esou wuel an de Gemengen, ewéi och an de Lycéeën, wier schonn am Ufank vun der Summervakanz op eng „normal“ Rentrée ausgeluecht ginn. Dat wär alles am Juli an August preparéiert gewiescht.

Gilles Baum: „Et ass eng Schoulrentrée, wou ganz vill gudde Wëllen do ass, zemools vum Léierpersonal an de Leit aus de Maison Relaisen. Si hunn d'Konzept a wësse wat gemaach muss ginn. Hei ännert sech jo elo net ganz vill par Rapport zur Situatioun, ewéi se virdru war. Ech mengen, datt mer hei eng ganz gutt Rentrée wäerten hikréien.“

De Gilles Baum

D'Informatioune wieren disponibel. Déi nächst Deeg hätt een elo nach Zäit fir lescht Upassungen um Terrain ëmzesetzen, esou nach d'Majoritéitsparteien.

Back to Top
CIM LOGO