
Et war eng Reunioun, op déi gespaant gewaart gouf, nodeem de President Frank Engel sech jo virun zwou Wochen am RTL-Interview mat Steier-Reformen avancéiert hat.
Dës waren awer net mat der Partei ofgeschwat, de President gouf deemools zeréckgepaff, et gouf d'urgence virun 14 Deeg e Nationalcomité aberuff, deen um Méindeg seng Suitten krut.
Aus partei-interne Sourcen heescht et RTL géintiwwer, datt d'Reunioun séier an ouni vill Commentairen iwwert d'Bün goung; et hätt och keen Ordre du Jour ginn.
An Aarbechtsgruppen diskutéiert d'Partei lo mat Experte weider, wéi si sech politesch wëll positionéieren, och a Steierfroen; Detailer heiriwwer goufen net kommunikéiert.
Et leeft drop eraus, datt aus de Conclusiounen vun dëse Gruppen soll eng Resolutioun entstoen, déi dann dem Online-CSV-Kongress den 17. Oktober zum Vott virgeluecht gëtt.
Am Virfeld vum CSV-Kongress kënnt de Nationalrot iwwerdeem Donneschdes, den 1. Oktober beieneen.
