No gréisserer SichaktiounLäich vu Mann fonnt, nodeems e Kajak ëmgekippt war

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg géint 16.30 Auer gouf d'Police alarméiert, well op der Musel an der Géigend vu Rëmerschen ee Kajak ëmgekippt war.

Mat Hëllef vum Rettungshelikopter, der Hondsstaffel, der Police an de Pompjeeë vu Mertzig (D) an dem CGDIS gouf eng Sichaktioun lancéiert. Kuerz virun 21 Auer e Samschdeg den Owend ass dunn eng männlech Läich fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO