
Wéi de Landwirtschaftsministère en Donneschdeg de Mëtteg matdeelt, ass den neien LSAP-Minister Claude Haagen positiv getest ginn.
De Minister hätt sech direkt Auto-isoléiert a géing vun Doheem weider schaffen. De Minister wier komplett geimpft an hätt den Ament liicht Symptomer, et géing ëm awer gutt goen, esou de Minister an engem Communiqué.