Bei Infektiounszuelen, déi klammenLarge-Scale-Testing detektéiert Infizéierter ouni Symptomer

Tom Hoffmann
Wien nach keng Invitatioun fir den Large-Scale-Testing sollt kritt hunn, bei deem wäert de Bréif an deenen nächsten Deeg an der Bréifkëscht landen.
Large-Scale-Testing detektéiert Infizéierter ouni Symptomer
Wien nach keng Invitatioun fir den Large-Scale-Testing sollt kritt hunn, bei deem wäert de Bréif an deenen nächsten Deeg an der Bréifkëscht landen.

Den LIH gouf vun der Regierung mandatéiert, déi Tester bis Enn Juli ze organiséieren a mat Hëllef vun Partenairen (Laboratoires Réunis) duerchzeféieren.

En Donneschdeg huet d'Fuerschungs-Task-Force e Bilan vun dëser éischter Phas gezunn an erkläert, wéi si elo weider wäert virfueren.

Zanter Juni leeft d'Campagne vum Large-Scale-Testing an déi meescht Leit kommen der Invitatioun no, fir sech op de Coronavirus testen ze loossen. Am Ganze goufen 284 Infizéierter duerch dës Tester detektéiert, déi wichteg sinn, fir d’Infektiounsketten ze ënnerbriechen, well net all Mënsch Symptomer huet. Doduerch kann de Virus transportéiert ginn.

Nom Deconfinement hu mir eis entscheet, mam Virus ze liewen, sot den Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health Prof. Dr. Ulf Nehrbass. D'Klamme vun den Infektiounszuelen ass aus senger Sicht bedenklech.

"Mir wëssen elo, wat dat heescht, de Virus ass nach do. Wa mir dem Virus d'Méiglechkeet ginn, sech ze reproduzéieren, zum Beispill op Partyen oder aneren Uläss, wou d'Consignen net esou respektéiert ginn, wéi se sollen, da wäert de Virus dat maachen."

Et hätt ee sech erwaart, dass d’Infektiounszuelen nees klammen a mam Large-Scale-Testing gouf versicht, déi Zuelen flaach ze halen.

"Et ass nach ze fréi, dës Zuelen ze interpretéieren, mee mir gesinn, dass d'Zuelen net logarithmesch klammen. Mir si wuel nach an enger Phas, wou mer dat evitéiere kënnen, awer dofir ruffen ech d’Leit op, sech testen ze loossen."

Déi Meescht wäerten an deene leschte Woche gemierkt hunn, dass eng Persoun an hirem Ëmfeld op de Virus getest gouf. Bis den 27. Juli soll jiddereen eng Invitatioun kritt hunn, ier een dann den 1. September an déi zweet Phas iwwergeet.

"Mir hunn elo ee Konzept erschafft, baséierend op eisen Erfarungswäerter aus der Phas 1, déi et wäert erlaben, eng Strategie ze fueren, déi adaptéiert ass un Gegebenheeten an eng Andämmung vun der Ausbreedung vum Virus garantéiert.", sot de Prof. Dr. Paul Wilmes, Professer um Luxembourg Centre for Systems Biomedicine.

An dat klappt nëmmen, wann d'Leit der Invitatioun, fir sech testen ze loossen, no kommen. Bei dësem Punkt wier dem Ulf Nehrbass no nach Loft no uewen.

Fir den Ulf Nehrbass huet d'Populatioun d'Noutwendegkeet vum sougenannte „large-scale-testing“ erkannt: Dat géif sech un der Zuel vun Tester weisen, déi um Donneschdeg z.B. bei net grad 12.500 geleeën hätt!

Back to Top
CIM LOGO