Rouzäiten an Iwwerstonnen net bezueltLCGB beonrouegt iwwert d'Konditioune vu Camionschaufferen

Carine Lemmer
Einfach ass hiren Job net, mä wichteg. Dat huet een och elo an der Corona-Kris gemierkt. An awer hunn d'Camionschaufferen keen einfache Stand.
© AFP

Eng 8.000 ginn et hei am Land an hir Aarbechtskonditioune ginn ëmmer méi schwiereg, kritiséiert den LCGB. D'Gewerkschaft ass majoritär am Lëtzebuerger Transportsecteur a fuerdert méi Gerechtegkeet.

An der Covid-Kris ware se besonnesch gefuerdert, villes huet missten transportéiert ginn. D'Regaler an de Supermarchéë gefëllt ginn, de Secteur ass systemrelevant, mä eng grouss Unerkennung kréie se seelen. Den LCGB ass emol méi beonrouegt iwwer déi ablécklech Aarbechts- a Pai-Konditiounen.

Vill Entreprisen hale sech net un de Kollektivvertrag, net un d'Aarbechtsrecht, d'Rouzäite an Iwwerstonne ginn net ausbezuelt. Vill Patrone géifen hir Leit forcéieren, eng Paus opzeschreiwen, wann déi bei der Charge oder Decharge vun hire Camione sinn. Dat géif awer dem Kollektivvertrag no kloer zur Aarbechtszäit gehéieren, seet de Paul Glouchitski, Generalsekretär adjoint beim LCGB.

Matten an der Kris suergt zanter dem 1. Mee eng europäesch Reegelung fir weidere Frust. No enger Derogatioun vun 10 Joer gëllt elo: schafft de Salarié méi wéi e Véierel an deem Land, wou e wunnt, muss hien do bei der Securité Sociale affiliéiert sinn.

An engem klenge Land wéi Lëtzebuerg, als Camionneur an als Frontalier, geet dat séier. Ronn d'Hallschent vun den 8.000 Camionschauffere wiere Frontalieren, eng 800 elo speziell concernéiert. Dat bréngt Desavantage mat sech: zum Beispill d'Desaffiliatioun bei der CNS, kee Recht méi op Kannergeld a Congé Parental an eventuell och de Verloscht vun enger Pensioun.

Derbäi kënnt, datt verschidden Entreprisen hir Chauffere forcéieren en Avenant ze ënnerschreiwen, fir net mussen de Lëtzebuerger Kollektivvertrag an d'Aarbechtsrecht anzehalen. Esou kann e Patron iwwer d'Hallschent spueren, de Camionschauffer nëmmen hallef esou vill verdéngen.

Dat mécht de Beruff an de Standuert Lëtzebuerg vill manner attraktiv, warnt den LCGB a fuerdert eng fair Léisung fir déi concernéiert Camionschaufferen.

Back to Top
CIM LOGO