Parlamentaresch FroLegale Kader géint de Mënschenhandel muss ugepasst ginn

Roy Grotz
Allgemeng awer bleift et schwiereg, de Käpp hannert de Faite vu Mënschenhandel d'Handwierk ze leeën, sou d'Ministeren Tanson, Kox a Kersch.
© RTL-Archiv

Parlamentaresch Fro "Mënschenhandel" / Reportage Roy Grotz

No der Diffusioun vun engem Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg iwwert e Fall vu presuméiertem Mënschenhandel duerch e Geschäftsmann vu Veianen lafen d'Enquêten an dëser Affär. Notamment goufen et och simultan zwou Perquisitioune vu Police an der ITM op 3 verschiddene Sitten.

Allgemeng awer bleift et schwiereg, de Käpp hannert de Faite vu Mënschenhandel d'Handwierk ze leeën, dat confirméieren déi zoustänneg Ministeren Tanson, Kox a Kersch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten Duo Goergen a Clement.

Wuel soen d'Ministeren, datt d'Kooperatioun a presuméierte Fäll, wou en Handel mat Mënsche virläit gutt leeft a Parquet, Police an ITM am Comité de Suivi Traité zesummeschaffen. Och d'ITM gëtt fir Kontrollen um Terrain personnel opgestockt: sou geet den Effectif vun Aarbechtsinspektere vun aktuell 29 op 61 Beamten Enn vum Joer an d'Luucht, sou datt vill méi Kontrolle kënnen duerchgefouert ginn, notamment eeben och, wat de Mënschenhandel ugeet.

Deen Handel mat Mënschen a Form vun der Ausbeutung vun der Aarbecht oder Servicer ka ganz verschidde Forme vun Onreegelméissegkeete betreffen wéi exzessiv Aarbechtszäiten, Paien, déi ënnert dem Mindestloun leien, net bezuelte Paien oder och méi schro Forme vun Exploitatioun, déi doranner bestinn, datt zum Beispill eng Persoun ënner ekonomeschem a kierperlechem Zwang muss schaffen.

D'Preuve vun der Ausbeutung muss dann och duerch eng Abberzuel vun Elementer erbruecht ginn, wéi d'Versklaven an d'Erofsetze vun der betraffener Persoun duerch en Ugrëff op säi Kierper a Geescht, deen d'mënschlech Dignitéit erofsetzt. D'Ministere betounen och, datt d'Irregularitéiten, déi vu Beamte festgestallt ginn, net ëmmer och Strofdote sinn.

Z'ënnerscheeden ass zum Beispill wann eng Persoun net affiliéiert ass, hei gesäit d'Gesetz vir, datt just den Aarbechter bestrooft gëtt, dee schwaarz schafft, oder och d'Feele vun engem schrëftleche Kontrakt respektiv d'Beschäftege vu Leit, déi aus Drëttlänner kommen an illegal am Land sinn - an dësem Fall kann de Patron eng administrativ Sanktioun vu bis zu 2.500 Euro riskéieren.

D'ITM selwer huet keng Kompetenzen am Kader vum Mënschenhandel. Dat ass den Domaine vun der Section criminalité organisée vun der Police judiciaire.

Déi meescht Fäll vu Mënschenhandel betreffen Zouhälterei. Viru Geriicht goufen et just 3 Fäll wéinst der traite économique. Zejoert huet d'ITM dann och just 2 Dossieren, déi op Mënschenhandel hindeiten, un de Parquet weidergeleet ginn.

D'Ministere si sech dann awer och an hirer Äntwert op d'Froe vun de Piraten-Deputéierten eens: de generelle legale Kader muss ugepasst a weider Sanktioune musse virgesinn sinn, fir eng méi effikass Poursuite vun den Auteure vu Mënschenhandel z'erméiglechen, ee Phenomen deen och am räiche Lëtzebuerg leider eng traureg Realitéit ass.

Den Dossier ass op der Leescht vun engem Experte-Grupp vun de Ministèrë vun der Justiz, der Aarbecht an der bannenzegster Sécherheet - en Delai gëtt par contre kee genannt, wéini dës Aarbechte solle fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO