Johnson&Johnson-VaccinLeit behalen zwee Impfzertifkaten no Booster-Impfung

RTL Lëtzebuerg
No der Booster-Impfung kritt een en neien Zertifikat. Deen alen nom éischte Shot vun Johson&Johnson behält awer seng Gültegkeet.
© AFP

Den 15. Oktober huet de Regierungsrot decidéiert, fir de Leit, déi mam Janssen-Coronavaccin vun Johnson&Johnson geimpft goufen, fréistens véier Wochen no hirer Impfung eng zousätzlech Dosis mat engem mRNA-Impfstoff ze recommandéieren, fir besser géint de Sars-Cov-2 geschützt ze sinn. Déi Concernéiert goufen ugeschriwwen an et hunn och schonn eng Partie Leit vun dëser Offer gebrauch gemaach.

D‘Santé huet en Donneschdeg op Nofro hi betount, datt d'Booster-Impfung net obligatoresch ass an de CovidCheck fir jiddereen deemno valabel bleift, dee just eng Dosis Janssen krut. De Booster wier just eng zousätzlech Méiglechkeet, fir d‘Effikassitéit vun der Impfung eropzesetzen.

Nawell sinn am Ministère an de leschten Deeg vill Froen erakomm, zum Beispill iwwert de Zertifikat.

Leit, déi am Fall sinn, kréien no hirer Booster-Impfung en zweeten Impfzertifikat. Deen ass allerdéngs, wéi an der Vergaangenheet och, réischt no engem Delai vun zwou Wochen am Ausland valabel. D'Santé wier sech deem Problem bewosst, krute mer gesot. Den initialen Impfzertifikat behält allerdéngs och seng Gültegkeet a kann deemno benotzt ginn, fir ze Reesen.

Op myguichet.lu kann ee weider déi 2 Zertifikater eroflueden.

Back to Top
CIM LOGO