Vill vun eise Medikamenter kommen aus China, wou et aktuell zu engem gréissere Produktiounsstopp koum. Dëst kéint der Politik no kritesch ginn, wann d'Situatioun ronderëm de Coronavirus nach laang géif undaueren.
Aktuell gëtt et do awer kee Problem. An de leschten 3 bis 5 Joer gouf et ëmmer nees Medikamenter, déi een eng Zäit net méi hei am Land kritt huet. Do géifen et awer Léisungen, wéi zum Beispill mat Generiquen, ginn. An den Apdikte géif een awer mierken, datt d'Leit méi onroueg sinn, also méi Froe stellen, an och d'Nofro no Medikamenter géint Féiwer, wéi Paracetamol an Ibuprofen, eropgoen. Donieft ginn och vill Produite gefrot, wéi Vitaminn C, déi den Immunsystem stäerke sollen. Dëst wier fir dës Joreszäit awer och net ongewéinlech.
Entreprisen treffen och éischt Precautiounen, esou ginn op verschidde Plaze physesch Reuniounen duerch Telefonskonferenzen ersat. D'Leit kréie geroden, reegelméisseg hir Hänn ze wäschen an ze desinfizéieren oder, wa si houschten an néitsen, en Nuesschnappech virun de Mond oder d'Nues ze halen.