Verantwortung a Virsiicht weiderhi gefrotLenert: Mir sinn nach net iwwert de Bierg, de Virus ass nach ëmmer do

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Point iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg gemaach.
Briefing Bettel/Lenert
E Mëttwoch de Mëtteg hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Point iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg gemaach.

Briefing Bettel/Lenert / Reportage Pit Everling

Nom Regierungsrot sot de Premier Xavier Bettel, dass d'Situatioun an der Lutte géint de Coronavirus relativ gutt ass. Nächste Méindeg wëll een e méi geneeë Bilan zéien a warscheinlech ee méi breeden Deconfinement ukënnegen.

Et gouf eng ganz Palette vu Mesuren decidéiert fir déi ekonomesch Relance. De Plang fir den Nei-Start wäert bis zu 800 Milliounen Euro zousätzlech kaschten. D'Wirtschaft soll wéinst der sanitärer Kris vun der Regierung gehollef kréien, nei ze starten. Och Privatleit solle méi ënnert d'Äerm gegraff kréien. Dee Sujet huet am Regierungsrot dominéiert.

Den Detail vum "Neistart Lëtzebuerg" hunn d'Ministere Pierre Gramegna, François Bausch an Dan Kersch e Mëttwoch den Owend op enger Pressekonferenz ginn.

Do war et d'Decisioun, dass „d'Allocation de vie chère“ fir dëst Joer verduebelt gëtt. Dovunner profitéiere virun allem Persounen, déi de Mindestloun oder net vill méi Pai kréien, respektiv Salariéeën, déi de Chômage partiel kréien.

Eng éischt Prioritéit ass et, d'Aarbechtsplazen z'erhalen an de Retour op den Aarbechtsmaart ze begleeden. Betriber a besonnesch betraffene Secteure sollen nohalteg ënnerstëtzt ginn. Commercë mat bis zu 250 Mataarbechter kréien eng direkt a steierfräi Hëllef. Dat si pro Mataarbechter 1.000 Euro fir de Mount Juni, 750 Euro fir de Mount Juli a 500 Euro fir de Mount August mam Zil d'Aarbechtsplazen z'erhalen.

Betriber aus Secteuren, déi besonnesch vun der Kris betraff sinn, kënne vum 1. Juli un e sougenannte Chômage partiel structurel iwwert eng vereinfacht digital Prozedur ufroen.

Da soll e Fonds de relance et de solidarité geschaaft ginn. Dat sinn direkt Hëllefe fir Betriber, déi bis elo hu missen zouloossen. Do sinn ënner gewësse Konditioune 6 Méint laang direkt Hëllefe virgesinn, fir all Aarbechter, dee schafft, gëtt et 1.250€, a fir déi am Chômage partiel 250€.

Loyere vu Betriber sollen erofgoen. De Proprietär vun de Raimlechkeete soll dozou incitéiert ginn, an deem een all Reduktioun vum Loyer duebel a bis ee Montant vu 15.000 Euro kann ofsetzen. Dëst Joer soll et och keng méi héich Loyere fir Privatleit ginn.

Fir den Tourismus zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen, soll all Resident an och all Frontalier ee Bong fir eng Iwwernuechtung an enger Struktur zu Lëtzebuerg kréien.

De Congé pour soutien familial soll eng legal Basis kréien. Studente sollen bei de Bourssen net duerch d'Corona-Kris penaliséiert ginn.

Eng Ännerung gëtt et och bei de Centres de soins avancés. Well den Zoulaf an de leschte Wochen ëmmer weider erofgaangen ass, gëtt deen zu Gréiwemaacher an deen zu Ettelbréck den 29. Mee zougemaach. Deen an der Rockhal zu Esch/Belval bleift nach bis de 15. Juni op, dat gëllt och fir deen an der Luxexpo. D'Maisons médicales gi wéi geplangt de 25. Mee nees op. Dës sinn tëscht 20 Auer owes a 7 Auer moies an der Woch op. Et gëtt een Telefonssystem en place gesat, fir datt Leit doriwwer hire Rendez-vouse maachen.

Wann d'Zuele sech confirméieren, kéinten et e Méindeg nom Regierungsrot weider Annoncë ginn. Fir d'Horesca behält een de Stéchdatum vum 1. Juni am Bléck. Mat de Kulte gëtt iwwerdeems e Freideg eng Reunioun, fir iwwert den Deconfinement ze schwätzen.

D'Pressekonferenz am Replay

Communiqué

COVID-19: Gel temporaire de toute augmentation du loyer pour logements (20.05.2020)

Communiqué par: Ministère du Logement

En date du 20 mai 2020, le gouvernement a adopté un règlement grand-ducal introduisant un gel pour toute augmentation de loyer pour logements jusqu'à la fin de l'année 2020.

Ce gel des loyers est d'application immédiate, et ceci pendant la durée de l'état de crise et jusqu'à la fin de l'année en cours. Par cette mesure, le gouvernement souhaite protéger plus particulièrement les personnes qui sont locataires de leur logement et pour lesquelles une augmentation de loyer constituerait une charge supplémentaire difficile à financer.
Au-delà du gel des loyers, il reste évidemment possible au bailleur de décider une diminution du loyer voire de convenir avec son locataire un échelonnement du loyer actuel en cas de problèmes financiers du locataire pour payer ses loyers au cours de la pandémie du COVID-19.

Cette disposition renforce encore les mesures prises par le gouvernement en faveur du maintien du pouvoir d'achat dans le cadre de la pandémie COVID-19 afin d'anticiper la naissance même de cas de précarité. Parmi ces mesures figurent notamment l'augmentation de la subvention loyer à partir du 1er avril, le dédoublement de l'allocation de vie chère, la procédure facilitée et accélérée de demande de chômage partiel et l'adaptation de l'indemnité de compensation en cas de chômage partiel de façon à ce que celle-ci ne puisse être inférieure au montant du salaire social minimum pour salariés non qualifiés.

Back to Top
CIM LOGO