Schwéier IwwerschwemmungenLëtzebuerg hëlleft Pakistan mat 500.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
Et sinn dramatesch Biller, déi an deene leschte Méint aus Pakistan koumen. Lëtzebuerg schéckt elo eng Nouthëllef.
© AFP/Aamir QURESHI

Bal 1.400 Mënschen hunn zanter Juni hiert Liewen an den Iwwerschwemmunge vum Monsun gelooss, deen duerch de Klimawandel ëmmer méi un Intensitéit zouleet.

Millioune Leit sinn am Land op Nouthëllef ugewisen. Aus deem Grond huet déi Lëtzebuerger Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire decidéiert, 500.000 Euro an humanitär Projeten am Pakistan ze investéieren, déi vun de Lëtzebuerger ONGen Handicap International Luxembourg, Caritas Luxembourg a Care in Luxembourg geréiert ginn.

Doduerch soll d’Populatioun an deene Gebitter, déi am schlëmmste vum Héichwaasser betraff sinn, an den nächste Wochen a Méint virun allem mat Iessen, Medikamenter an engem Ënnerdaach versuergt ginn.

Pakistan bereet sech op weidere Ree vir

A Pakistan gi sech iwwerdeems weiderhin extrem Nidderschléi erwaart. Dobäi steet aktuell schonn een Drëttel vum Land ënner Waasser.

Ronn 33 Millioune Mënsche si vun deem enormen Héichwaasser betraff. D’Weltgesondheetsorganisatioun warnt iwwerdeems virun Infektiounskrankheeten, déi sech iwwer d’Waasser verbreeden. Pakistan gehéiert zu deene Länner, déi weltwäit am meeschte vun der Klimakris betraff sinn.

D’Schreiwes aus dem Ausseministère

Le Luxembourg fournit une aide d’urgence de 500.000 euros aux populations touchées des inondations au Pakistan (14.09.2022)

Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire

Suite aux pluies torrentielles et aux inondations dévastatrices au Pakistan, laissant des millions de personnes dans le besoin d’une assistance d’urgence, la Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire a accordé une contribution d’un total de 500.000 euros à l’appui des projets d’aide humanitaire au Pakistan de trois ONG luxembourgeoises, à savoir Handicap International Luxembourg, Caritas Luxembourg et Care in Luxembourg.

Les projets seront mis en œuvre au cours des prochains mois dans les provinces et districts les plus touchés par les inondations et visent à apporter une assistance immédiate à la population pakistanaise, notamment à travers de l’aide alimentaire et de la mise à disposition d’articles d’hygiène, d’abris d’urgence, ainsi que de soutien médical.

Back to Top
CIM LOGO