
Hoffnung maachen ënner anerem existent Anti-Virus-Medikamenter.
Tester solle weisen, ob et eng Wierkung géint de Covid-19 gëtt.
D'Weltgesondheetsorganisatioun an och europäesch Länner lancéiere grouss Testprojeten. Och Lëtzebuerg mécht mat.
Et ass eng Course géint d'Zäit, d'Entwécklung vun engem Impfstoff oder engem komplett neie Medikament hëlt Zäit an Usproch.
Méi eng séier Léisung kéint de sougenannte "Repurposing" bréngen, eng Neiorientéierung. Do geet et drëm, bei Mëttelen, déi schonn zu aneren Zwecker getest goufen, ze iwwerpréiwen, ob et och eng Wierksamkeet géint de Covid-19 gëtt.
Si kéinte kranke Patienten d'Liewe retten, awer och zur Preventioun bäidroen, zum Beispill beim Personal aus dem Gesondheetssecteur.
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet dofir de Projet "Solidarity" lancéiert, déi villverspriechendst Therapië sollen am grousse Stil klinesch getest ginn.
Och an Europa gëtt dermat ugefaangen, véier experimentell Behandlungsmethoden ze testen.
Beim Projet "Discovery" maache Frankräich, Däitschland, d'Belsch, Holland, Groussbritannien, Spuenien an och Lëtzebuerg mat. Am Ganzen 3.200 Patienten, déi wéinst dem Coronavirus hospitaliséiert sinn, solle behandelt ginn.
Ënner anerem solle Medikamenter, déi géint HIV a géint Ebola entwéckelt goufen, getest ginn.
Wéi dat ganzt genee zu Lëtzebuerg wäert oflafen, ass den Ament nach net bekannt.
An de leschten Deeg ass och vill Rieds vum Wierkstoff Chloroquine, deen eigentlech géint Malaria konzipéiert gouf.
Och do lafen op méi Plazen op der Welt schonn Tester.
Ënner anerem e franséischen Dokter vu Marseille vermellt gutt Resultater an ass der Meenung, datt d'Mëttel géint de Covid-19 hëlleft.
Gréisser Pharmakonzerner wéi Novartis oder Sanofi stéinge mat grousse Quantitéite prett.
Souguer den US-President Donald Trump mécht sech fir d'Medikament staark.
Vill Fuerscher warnen awer viru Risken. D'Donnéeën, déi ee bis ewell hätt, géinge bei wäitem net duergoen.
De sougenannte "Repurposing" ass allgemeng keng Selbstverständlechkeet, och wann dës Medikamenter scho gewëss Testphasen iwwerstanen hunn.
D'Effete beim Asetze géint de Covid-19 musse genee analyséiert ginn an déi klinesche Krittäre musse strikt agehale ginn.