
Wéi et heescht géifen am Land op de Kapp eng 600 Euro pro Awunner an de Schinnereseau investéiert. Am entspriechenden europäesche Ranking wier domat Lëtzebuerg op der éischter Plaz, dëst virun Éisträich, wou den Invest op de Kapp vun den Awunner bei 218 Euro läit. An der Schwäiz mécht dës Zomm 365 Euro aus, an Däitschland läit den Invest souguer bei nëmme 77 Euro.
Wéi de Minister Bausch vun der Allianz Pro Schiene an engem Interview zitéiert gëtt, hätt vill politesche Courage derzou gehéiert, fir zu deem héijen Invest ze kommen. Esou sollen am Land bis 2030 alleguer d'Bussen elektresch fueren, d'elektresch Opluetstatiounen fir Autoe sollen bis iwwernächst Joer op 1.600 Bornen opgestockt ginn. Donieft annoncéiert de Minister, datt de nationale Bus-Reseau komplett nei ausgeriicht gëtt.
De Minister gëtt sech dann och eng BA. Wéi et heescht wiere viru senger Zäit zwee Drëttel vun den Investissementer an de Stroossebau gestach ginn, elo wier deen Taux ëmgedréint an dës Sue géifen an d'Bunn investéiert ginn. Dëst géif fir d'Period bis 2027 ronn 4,5 Milliarden ausmaachen, den Tram matagerechent.
An der däitscher Allianz Pro Schiene si 24 ONGen a Vereenegungen aus ënnerschiddlechen Domainer organiséiert, déi eng 2,6 Milliounen Eenzelmembere regroupéieren. Member ass zum Beispill d'Associatioun vun de Cliente vun der Bunn, d'Uni vun Oochen oder och d'Berliner TU.