Nationaalt Liwwerkettegesetz Lëtzebuerg sollt sech e Beispill huelen un Nopeschlänner, sou ONG-Kollektiv

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass zanter Oktober fir d’éischte Kéier Member am Uno-Mënscherechtsrot. Domat hätt de Grand-Duché eng grouss Responsabilitéit.
© Sabrina Backes

Et wier eng gutt Geleeënheet, fir sech géint Mënscherechtsverletzungen an der Aarbechtswelt ze positionéieren an en nationaalt Liwwerkettegesetz ze decidéieren. A genee do knäppt och d’Initiative pour un devoir de vigilance un.

Liwwerkettegesetz/Reportage Sabrina Backes

De Kollektiv vun ONGe mécht konkret Proposen, wéi ee Liwwerkettegesetz kéint ausgesinn. Am Géigesaz zu sengen Nopeschlänner huet Lëtzebuerg nämlech ëmmer nach kee Gesetz an deem Beräich. Dem Jean-Louis Zeien vun der Initiative pour un devoir de vigilance geet alles net séier genuch:

“Et war am Koalitiounsofkommes kloer ofgemaach ginn, datt eng Etüd muss gemaach ginn. An déi Etüd, déi läit zanter iwwer engem hallwe Joer vum Dokter Basak Baglayan vun der Uni Lëtzebuerg vir. Déi Etüd ass gemaach ginn am Optrag vum Ausseministère a lo dono ass en interministerielle Comité agesat ginn a mir sinn der Opfaassung, elo ass Zäit vun den Etüden eriwwer.”

Grondsätzlech seet d’Etüd, dass ee Gesetz iwwer d’Liwwerkette realisabel a raisonnabel wier. Entreprisë sollen obligéiert ginn, all international unerkannte Mënscherechter ze respektéieren. Och misst garantéiert ginn, datt international Emwëltstandarde agehale ginn. Concernéiert vum Gesetz wieren all gréisser Lëtzebuerger Firmen mat méi wéi 250 Salariéen. Ma awer och méi kleng Entreprisë géingen ënner dat Gesetz falen, wa si a Regiounen aktiv sinn, wou de Risk besteet, datt d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt sinn.

Fir dass dat iwwerwaacht ka ginn, misst d’Gesetz déi concernéiert Entreprisen dozou engagéieren e sougenannten Plan de vigilance mat konkrete Mesuren opzestellen. Hei mussen d’Betriber hir Liwwerketten an Zouliwwerer analyséieren a kucken, ob hei Riske vu Mënscherechtsverletzunge bestinn:

“Wann ech an engem Beräich ënnerwee si wéi dem Kakao, dann ass et jo kloer, wat fir ee grousse Risiko do ka bestoe vun der Kanneraarbecht oder souguer Kannersklaverei. An da muss ech kucken, eng Hierarchie vun de Risken ze maachen, dat heescht, dass ech do usetzen an da muss ech mer Moyene ginn, fir dann déi unzegoen an och mat mengen Zouliwwerer dofir ze suergen, dass eben déi Mënscherechtsverletzunge minimiséiert ginn.”

An engems misst och e Kontroll-Organ gegrënnt ginn, deen d’Ëmsetzung vu contraignante Mesuren iwwerwaacht. Den Net-Respekt sollt sanktionéiert ginn. Och musse betraffe Persoune kënnen potentiell entschiedegt ginn.

D’Porte-Parolë vun der Initiative betounen, dass lo de Moment wier fir z’agéieren. Et wier keng Zäit, fir op een europäescht Gesetz ze waarden, et misst en nationaalt Liwwerkettegesetz op de Wee bruecht ginn, esou wéi et och schonn aner Länner, wéi Frankräich an Däitschland, virgemaach hunn.

Nationaalt Liwwerkettegesetz
Lëtzebuerg sollt sech e Beispill huelen un Nopeschlänner, sou ONG-Kollektiv

Back to Top
CIM LOGO