
An de leschte 24 Stonne gouf et 1.080 Neiinfektioune bei 3.215 Tester.
Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 5 Patienten op der Intensivstatioun. En Dënschdeg goufen 109 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 10.649 aktiv Infektiounen, 178.181 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.269.079 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 189,39 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 162,78 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.