Nom belsche ModellLëtzebuerger Aarbechtsminister gesäit 4-Aarbechtsdeeg-Woch kritesch

RTL Lëtzebuerg
D'belsch Regierung huet jo annoncéiert, datt d'Aarbechtszäit an Zukunft kann op 4 Deeg d'Woch limitéiert ginn, also 10 amplaz 8 Stonnen den Dag.

Dat gesäit de Lëtzebuerger Aarbechtsminister éischter kritesch. Den LSAP-Aarbechtsminister plädéiert éischter fir eng generell Aarbechtszäitverkierzung verdeelt op déi ganz Schaffwoch. 10 Stonnendeeg wieren a verschiddene Beräicher e Sécherheetsrisiko, sou de Georges Engel am RTL-Interview. Bedenklech wier och, datt dee belsche Modell net am Sozialdialog ausgeschafft gouf.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond bleift och éischter skeptesch an trëtt fir eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit zum volle Lounausgläich an. D’Argument vun enger besserer Balance tëscht Aarbecht a Privatliewe léisst den OGBL och net gëllen. Dat hei wier éischter eng Verschlechterung vun der Work-Life-Balance.

Back to Top
CIM LOGO