Präisdeierecht an Hausse vun ZënsenLëtzebuerger Bausecteur rechent mat Réckgang vun Opträg

RTL Lëtzebuerg
Donieft géing de Secteur och mat der Hausse vun den Energie-, Material- a Personalkäschte kämpfen, sou de Mëttelstandsminister.
© RTL-Archivbild

De Lëtzebuerger Bausecteur rechent domat, dass d’Zuel vun den Opträg an den nächste Méint séier wäert zeréckgoen. Dat, well vill Clienten hir Aarbechte wéinst der zolitter Präisdeierecht an der Hausse vun den Zënsen no hanne verleeën oder ganz annuléieren, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler vun der DP.

D’Baufirmaen hätte mat Haussë vun den Energie-, Material- a Personalkäschten ze kämpfen.

E groussen Deel vun de Präisser wier zwar zanter dem Ufank vum Krich zeréckgaangen, ma géifen elo op héijem Niveau stagnéieren. De Präis vum Holz ass zanter uganks 2020 ëm 93 Prozent geklommen. Dee vum Stolbëtong ëm 81 Prozent. Eng änlech Entwécklung gouf et jo och bei den Energiepräisser.

Allgemeng schéngt de Secteur awer nach gudder Déng. D’Vertraue vun de Baufirmae wier nämlech nach ëmmer op engem historesch héijen Niveau.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO