EU-Sondage weistLëtzebuerger Betriber zeréckhalend bei méi héijen Investissementer

RTL Lëtzebuerg
D’Investissementsverhale vun de Lëtzebuerger Betriber bleift dynamesch, mä huet nach ëmmer net den Niveau erreecht vu virun der Corona-Pandemie.
© YuriArcursPeopleimages / Envato

Dat beleet déi neisten Enquête vun der Europäescher Investitiounsbank, eben iwwert d’Verhale vun den nationalen Entreprisen. De Sondage gouf an der ganzer EU bei ronn 12.000 Betriber duerchgefouert.

Eng Majoritéit vun deene soe sech beonrouegt iwwert déi generell geopolitesch Situatioun, an 69 Prozent fäerten och nei Reegelen a Normen, wat se bei méi héijen Investissementer géif zeréckhalen.

43 Prozent vun den nationale Betriber gebrauchen iwwregens mëttlerweil an op d’mannst engem Aktivitéiten-Domaine d’Kënschtlech Intelligenz.

Back to Top
CIM LOGO