Op "EU Most Wanted"-LëschtLëtzebuerger Damien Costantini wéinst versichtem Mord an Déifstall gesicht

RTL Lëtzebuerg
Op der Lëscht vun de meeschtgesichte Kriminellen an Europa steet en 22 Joer ale Lëtzebuerger.
Den Damien Costantini gëtt international gesicht wéinst versichtem Mord an Déifstall.
Den Damien Costantini gëtt international gesicht wéinst versichtem Mord an Déifstall.
© eumostwanted.eu

Den 29. September soll den Damien Costantini zu Mutfert e Mann iwwerfall a mat engem Messer liewensgeféierlech blesséiert hunn. Méi spéit am Dezember ware wéinst versichtem Mord an Déifstall en europäeschen an en internationalen Haftbefeel géint de Mann mat Lëtzebuerger Nationalitéit erausgaangen.

Et geet een dovun aus, dass de Costantini sech ënner falscher Identitéit am Ausland ophält. Hien ass tëscht 1,81 an 1,90 Meter grouss.

Informatiounen, déi zu senger Festnam kéinte bäidroen, solle gemailt ginn op fast.lux@police.etat.lu oder iwwer den Internetsite www.eumostwanted.eu

De gesichten Damien Costantini

Donieft steet op der Lëscht och nach ëmmer d'Ungarin Ildikó Bódi, déi vun de Lëtzebuerger Autoritéite wéinst Kidnapping a Geiselnam gesicht gëtt.

D'Plattform "EU Most Wanted" ass virun 10 Joer vum Netzwierk ENFAST (European Network of Fugitive Active Search Teams), mat Ënnerstëtzung vun Europol, an d'Liewe geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO