Fir taktesch militäresch ZweckerLëtzebuerger Defense keeft fir knapp 200 Milliounen Euro Satellittecapacitéiten

Roy Grotz
An Zäite vum russeschen Agressiounskrich an der Ukrain ass et e wichtegt Zeeche vum Grand-Duché vis-à-vis vun der Nato.
© RTL Archivbild

D’digital Telekommunikatioun ass den A an O an der Krichsféierung, mee och andeems Nato- oder EU-Truppen an aner Alliéierter matenee kënne securiséiert kommunizéieren a plangen.

Lëtzebuerg stellt dofir mat 11 SES-Satellitten, déi bis Enn vum Joer all op enger mëttlerer terrestrescher Orbit-Positioun sinn, eng nei strategesch militäresch Capacitéit zur Dispositioun.

D’Satellitte sinn op enger Héicht vun 8.000 Kilometer stationéiert a gi vun der Betzder SES geréiert. Operationell ass de System eréischt Enn vum Joer. Gebraucht ginn och eng siwen Antennen, déi als Passerellen zum Orbit gëllen an zesumme mat den USA kaf a gebaut ginn.

Och den amerikaneschen Defenseministere weist sech prett, fir an dëse Projet z’investéieren, sou heescht et am Gesetzesprojet, deen dës Woch an der Chamber deposéiert gouf. Eng Zomm oder e Kontrakt mat den Amerikaner wier awer nach net definéiert, heescht et weider.

Net méi spéit wéi en Donneschdeg stellt de Verdeedegungsminister Bausch den Deputéierten de Gesetzesprojet dann och am Detail vir.

Dës Pläng vum Kafe vu Satellittecapacitéiten hunn deemno näischt mam LUXEOSys-Militärsatellit ze dinn, dee jo, amplaz 170, um Enn eng 300 Milliounen Euro kascht huet.

Wéi et heescht, sollen déi nei Capacitéite komplementar zum GovSat fonctionéieren, deen an enger Héicht vu 36.000 Kilometer stationéiert ass.

Back to Top
CIM LOGO