
Derbäi kënnt eng Iwwer-Regulatioun an e Manktem u kompetentem Personal. London géing sech och lues awer sécher zu enger deloyaler Konkurrenz zur EU entwéckelen, sou den CSV-Mann Mosar.
Eis Finanzplaz ass objektiv ganz sécher net méi schlecht ginn, esou d‘Finanzministesch Yuriko Backes. Am Ausland géingen et nach ëmmer vill Bestriewunge ginn, fir sech hei néierzeloossen. Bei verschiddene Rankinge wier d‘Methodologie och net zu eisem Virdeel. 95 Firme wieren nom Brexit mat Aktivitéiten op Lëtzebuerg komm. Zejoert huet d‘Iwwerwaachungskommissioun 77 nei Lizenze verginn. Et si méi ewéi 220 Fin-Tech-Entreprisen hei, sou d‘Ministesch.
Lëtzebuerg géing och eng Virreiderroll bei nohaltege Pabeiere spillen. Dat wiere just Beispiller. Et sollt een also net alles schlecht rieden. Si wier sech den Defie vun der Finanzplaz awer bewosst, sou d‘liberal Ministesch Backes.