CGDIS a Rout Kräiz am AsazLëtzebuerger Hëllef an der Kriseregioun Altenahr

Jeannot Ries
Vun der Romantik zu Altenahr, déi iwwer Joerhonnerten Dichter a Moler ugezunn huet, ass kaum nach eppes iwwreg bliwwen.
Lëtzebuerger Hëllef an der Kriseregioun Altenahr
D'Äifel gouf besonnesch haart vun den Iwwerschwemmunge getraff. De CGDIS an d'Rout Kräiz sinn op der Plaz an hëllefen.

D'Waasser stoung en Donneschdeg bis op den éischte Stack vun de Wunnengen. Mënsche goufe mat Helikopter vun den Diech gerett. Ganz Haiser huet d'Ahr mat ewechgerappt. Et ass hei, wou Lëtzebuerger Ekippe vum CGDIS an der Croix Rouge iwwer 24 Stonnen e Samu-Noutdéngscht assuréieren.

Eng Fra gouf zum Beispill vun der Arméi duerch de Bësch bei d'Ambulanz bruecht, fir op Bonn an d'Dialys gefouert ze ginn. E wéineg méi erof am Duerf këmmert eng Ekipp vum CGDIS sech ëm eng Famill mat engem Kand, dat e Petzi aus Lëtzebuerg geschenkt krut. E klenge Geste, dee grad elo wichteg ass, wou et ville Leit séileg net esou gutt geet.

Koordinéiert gëtt déi ganz Hëllef uewenaus um Nürburgring. Dat risegt Areal hannert der Boxegas steet voller Ambulanzen, Camionen, Kranen an esouguer Panzeren. Vun hei aus fléien d'Helikoptere mat Waasser, Iesswueren an anerem Material an d'Kriseregioun eran. Vill Dierfer sinn och um 4. Dag no der Katastrophe kaum z'erreechen.

Back to Top
CIM LOGO