Méi wéi 20 Joer laang scho schéckt d’H.U.K. Kleeder, Schong a Spillsaachen an hir Partnerstied an d’Ukrain. Zënter dem Krichsufank uganks 2022 gëtt d’Hëllef nach méi gebraucht wéi soss. De Jeannot Majerus ass Präsident vun der Associatioun. Hien ass reegelméisseg an der Ukrain op Besuch an hëlleft beim Verdeele vun de Spenden. Esou och déi lescht 10 Deeg. D’Lager huet nëmmen drop gewaart, ausgeraumt ze ginn. Virun e puer Woche sinn nämlech den 100. an den 101. Camion mat Lëtzebuerger Spenden an der Ukrain ukomm.

Och de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster huet sech zu Vasylkiv e Bild vun der Lag gemaach an huet sech hei mat der Buergermeeschtesch vun der ukrainescher Stad getraff an ausgetosch. Et wier immens wichteg, d’Ukrain als EU weider ze ënnerstëtzen, besonnesch well d’Ukrain am Krich mat Russland dofir kämpft, en Deel vum Westen dierfen ze sinn. D’Ukrain géif bis op de leschte Mann respektiv bis op déi lescht Fra kämpfen, huet d’Buergermeeschtesch Natalia Balasynovych gesot.
Spende fir d’"Hëllef fir Ukrainesch Kanner” kënnen all éischte Samschdeg am Mount zu Leideleng ofgi ginn. Méi Detailer fannt Dir hei. Besonnesch gebraucht gi Kleeder a Schong, mee och Spillsaache si gäre gesinn. Liewensmëttel soll een iwwerdeems net laanschtbréngen. Déi géif een op der Plaz nämlech mat Geldspende kafen. Esou kéint een déi lokal Wirtschaft ënnerstëtzen.