"Analphabetismus", dat ass wuel dat geleefegt Wuert, wa vu Leit geschwat gëtt, déi net richteg liesen a schreiwe kënnen. En Term, dee stigmatiséiert, well en ënnerstellt, guer keen Zougang zur Schrëftsprooch ze hunn. A Länner mat Schoulflicht schwätzt een dofir vun "Illettrismus". Genee Zuelen doriwwer, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg betraff sinn, ginn et keng, well hei am Land ënner anerem opgrond vun der komplexer Sproochsituatioun keng Etüden duerchgefouert ginn. Et gëtt deemno geschat, dass wéi an den Nopeschlänner tëscht 4 a 7 Prozent vun der Bevëlkerung betraff sinn.
Ulafstell fir Betraffener ass den SFA (Service de la formation des adultes), deen esou genannte Grondbildungscoursen ubitt: Zu Wolz, Miersch, Ettelbréck, Iechternach, Déifferdeng an an der Stad. D'Hannergrënn, firwat Leit dës Coursë besichen, sinn ënnerschiddlech. Ënnert de ronn 1.200 Leit, déi am Schouljoer 2019 an d'Grondbildungscoursen ageschriwwe waren, waren
Am Reportage begleede mer den 30 Joer ale Manuel Martins, deen eis erkläert, wou hien a sengem Alldag mat Barrièrë konfrontéiert ass a wéi en se iwwerwënnt.
"Liesen ass ëmmer do, esouwuel op de Schëlder op der Autobunn(...) ewéi och doheem, wann ee Bréiwer kritt. Et ass een ëmmer ofhängeg vun enger anerer Persoun, där ee vertraue muss, déi engem dat virliest.", erkläert de Manuel Martins.
Mat 8 Joer ass de Manuel op Lëtzebuerg komm an ass hei regulär an d’Schoul gaangen, trotzdeem huet hien ni richteg liesen a schreiwe geléiert. Eng Diagnos, firwat dat bei him esou ass, huet hie bis haut net kritt. Hie ka sech just drun erënneren, wéi deemools domat ëmgaange ginn ass:
"Ech hu meng Tester ëmmer mëndlech gemaach, dat heescht d’Joffer huet mer d’Froen ëmmer gestallt, déi am Test, respektiv an der Prüfung waren an ech hunn hier dann d’Äntwerte ginn a si huet se opgeschriwwen (...) Hautzedaags denken ech mer: Wär ech méi gefërdert ginn, vläicht wier et da méi einfach gewiescht, fir liesen a schreiwen ze léieren ewéi haut. Wat ee méi al ass, wat et méi schwéier ass.", betount de Manuel.
Kontakt fir Betraffener: Service de la formation des adultes:
Tel: 80024488 Mail: sfa@men.lu