Wéi vill ass drun um schlechte Ruff?Liewen a Schaffen am Garer Quartier

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 11.000 Mënsche wunnen am Garer Quartier, anerer kommen all Dag an dëse warscheinlech bontsten Eck aus der Stad op d'Aarbecht.
Garer Quartier am Porträt
Mir hu mat Privat- a Geschäftsleit virun an nom Confinement geschwat, iwwert déi gutt an déi manner gutt Säite vun der Gare.

Mä wéi empfannen si d'Liewen ronderëm d'Gare? Wat ass Cliché a wat net? Wat sinn d'Virdeeler vun dësem Véierel a steet de Garer Quartier eventuell och zu Onrecht a Verruff?

Mir hu mat Privat- a Geschäftsleit virun an nom Confinement geschwat, iwwert déi gutt an déi manner gutt Säite vun der Gare. Déi Bierger, déi eis erzielt hunn, wéi si hire Quartier gesinn, hunn dësem seng Entwécklung an de leschten 20, 30, alt 45 Joer materlieft. Natierlech "wär net alles roseg", wéi z.b den Drogenhandel, dee nach ëmmer do ass, ma si wunnen oder schaffen gär an genee dësem, vun den insgesamt 24 Stater Quartieren. D'Gare hätt einfach eppes vun enger richteger Metropol, wär lieweg a wibbeleg, alles virun der Dier, brauch een am Fong keen Auto, well d'Verkéiersubannung ass wuel néierens am Land esou grouss.

Awer Drogekriminalitéit, Prostitutioun, Heescherten, Dauerchantier waren a si schlecht fir d'Commercen, an elo koum och nach d'Pandemie!

An der Avenue de la Gare hunn elo nom Lockdown schonn zwou grouss auslännesch Chaînen hir Fermeture bekannt ginn an et gesäit esou aus, wéi wann nach anerer géingen nokommen.

Keng einfach Zäite fir dëse Quartier mam Groussstad-Feeling, an all Hisiicht.

Back to Top
CIM LOGO