
Bei deene Gréngen am Stater Gemengerot kënnt et zu engem weidere Wiessel. Wéi d’Partei e Sonndeg an engem Communiqué schreift, huet d’Conseillère Linda Gaasch op den 31. Januar hir Demissioun annoncéiert. Si géif aus perséinleche Grënn eng politesch Pausaleeën.
Fir déi 37 Joer al Oppositiounsconseillère réckelt de fréiere Co-Spriecher vun déi jonk Gréng a Co-Spëtzekandidat bei de leschten Europawale Fabricio Costa no. D’Linda Gaasch souz zanter 2019 fir déi Gréng am Gemengerot an der Haaptstad.

Am September war d’Claudie Reyland schonn duerch d’Liudumila Vanira Branca ersat ginn. Déi Gréng stelle fënnef vun den am Ganze 27 Conseilleren an der Stad.